Veräiner

Heedfrënn - Huldanger Frënn - Jeunesse - Huldanger Frauen - Gesang

Heedfrënn

Om Joër 1986 juff de Club Heedfrënn gegrënnt.

Dëse Club besteet hokt aus ongefeer 40 Memberen. Aus dem Club des Jeunes, dän 1970 on d'Liäwen gerouf juff, sënn Heedfrënn entstannen.

Den Altersënnerscheed wor ee Grond vir d'Grënnung van dësem néie Veräin. On su bestung d'Miilichkeet fir datt di Jonk om Club des Jeunes hir Iddien on Pläng no hirer Fassong konnten réaliseeren.

An äwer schaffen di zwing Veräiner goud mateneen-durrich jonk on aal Iddien konnen ganz interessant Manifestatiounen entston.

Präsident WILMES Nico
V.-Präsident GLOD Mario
Caissier BREVER Urby
Sekretär WILMES Vroni

Huldanger Frënn

Klicke hier, um einen Text zu schreiben.

Präsident LIPPERTS Jean-Marie
V.-Präsident HENDRIKS Jacques
Caissier STEINMETZ Vanessa

Jeunesse - Club des Jeunes

Gegrënnt juff de Club des Jeunes Huldang den 15. November 1070. Di ischt Veräinsstatuten juffen den 24 Februar 1971 opgesatt. Di jonk Huldanger wollten een eigene Veräin, sich regelméissig de Weekend treffen o gemeinsam Manifestatiounen plangen.

Präsident SCHMITZ Luca
V.-Präsident SIEBENALLER Joy
Caissier THELEN Julie
Sekretär SCHMITZ Luca

Huldanger Frauen

1967 hann e paar engageert o motiveert "Jongmeedercher" de Veräin van de Frauen o Mammen van Huldang gegrënnt.

Dat wor fir vill Frauen eng Miilichkeetvsich ze geseen on zesamen jiett ze ënnerhuallen.

Om Loof van de Joëren woren vill Aktivitéiten om Programm : Koch on Baachcouren, Bloummencouren, Kannerbal, Kannersecondhand ...

Een Deel vam Erliis jieet zugonsten van sozialen Oriitugen zu Lëtzeburrig.

Eist Joër schléisse mer aaf mat engem Ausfluch op de Chrëstmaart (Oochen, Tréier, Köln), wu mer dono zesamen ässe jinn. Bei Begräfnisser suargen d'Frauen zesamen mat den Heedfrënn om Sall d'Ässen.

Präsident SIEBENALLER Kim
Caissier NOESEN Nadia
Sekretär WAXWEILER Jil

Gesank - Chorale Ste Cécile

Den 2. Oktober 1932 juff de Gesankveräin Ste Cécile beim Knauf gegrënnt.

1940 juffen o Frauenstëmmen on de Veräin opgeholt, su datt d'Chorale Ste Cécile bis hokt ee gemöschten Kouer ass.

1948 juff beschloss ee Veräinssall ze bauen om däm sich d'Sänger ee gouden Naam mat hirem Theaterspillen gemat hann.

Fréier hat de Gesank hauptsächlich Massen, Begräfnisser on Huchzekte gesongen. On däne letze paar Joër as de Répertoire vill vergriessert jiänn on et sënn o auswärtig Optrëtter dobéi kommen, wegder juffen Concerten fir Télévie, Radiomassen on Sängertreffen organiseert.

2008 hat d'Chorale Ste Cécile hiren 75. Geburtsdag geféiert.

Präsident WILMES Vroni
V.-Präsident MIESSEN Sanny
Caissier REILAND ANNIE
Sekretär WILMES Vroni