Frauen & Mammen
De Veraïn d’Huldanger Frauen (asbl) besteet réicht zënter Januar 2012. Virdran woren d’Frauen van Huldang Member van der A.C.F.L. (Action Catholique des Femmes au Luxembourg) a han sech aus finanziellen Grënn “selbstständig” gemaach.
De But van eiser Associatioun ass gemeinsam Aktivitéiten ze plangen, die d’Huldanger Frauen méi noo zesamen brengt a wou die “Nei” enner anerem d’ Duarref besser kannen kennen léieren. Mer këmmeren eis och em d’Eessen, wann Begreefnisser zu Huldang sinn.
Wann d’Veraïner van Huldang eppes zesamen organiséieren, wie z.B. d’Kirmes, d’Marche gourmande oder d’Après-Ski-Party, dann hellefen mer och mat.
Eis Hauptaktivitéit ass d’Organisatioun vam Kannerball (ëmmer Sonndeg viran der Faasicht), wou mer all Joër en Deel vam Erlies fir e gouden Zweck spenden.
Heiansdo gett och en Tour geplangt, wie op Oberhausen mat Musical oder op Maasmechelen, etc.
Am Enn vam Joer machen mer en Ausfluch op e Chrëstmaart.
